Patty
De Muppeservice
Belvaux
A propos de Patty
Ech sinn d’Patty an meng Muppen sinn, den Lino mäin eelsten ass en Malteser-Mix an den Benny en Havaneser. Dei wou mech kennen wëssen dass meng Muppen alles fir mech sinn an och all aneren Mupp deen ech versuergen oder mat op den Trëppeltour huelen behandelen ech wei wann et mäin eegenen wier. Ech maachen dat mat ganz vill Leidenschaft. Ech sin geleierten Déierepsychologue.
Dogwalking: (Gemeng, Esch, Ehlerange, Sanem, Soleuvre, Belvaux, Kayl/Tétange, Schifflange, Differdange, Bascharage, Bettembourg, Dudelange)
Wann dier op der Sich sidd no enger frëndlecher an zouverlässeger Persoun wou ärem Mupp deen néidegen Auslaf erméiglecht, mat vill Léift an Gedold erfuerschen mir zesummen vill nei Bëscher, Weeër an Wisen ëmmer perséinlech ob ären Mupp ofgestëmmt. D‘Dauer leit heibäi bei 1h30 bis 2h00. Leckereien gin et natierlech och.
Ech sin am Besetz vum Hondsführerschein an vum Éischt Hëllef Cour fir Hausdéieren.
Ech hun och den Autosführerschein, hun eng kleng Camionette an sin soumadden flexibel an kann ären Mupp sichen kommen an erem Hem brengen.
Dogboarding & Dogdaycare:
Dir gitt an d‘Vakanz oder musst fir e puer Deeg fort, dann kann ech op ären Mupp oppassen. Bei mir Doheem zu Bieles kann den Mupp sech fräi beweegen , dat heescht keng Zwingerhaltung. Hen ass den ganzen Dag iwwer betreit an nie alleng. Mer gin bis zu 4 mol den Dag treppelen. Schloofen kann äre Mupp wou en well , op an sengem Bettchen oder bei eis am Bett , alles ass erlabt :) Mer hun eng Terasse mee wunnen direkt niewend engem wonnerschéinen Park wou mer all Dag treppelen gin. Meng Pensioun ass och vum Veterinairsamt zertifizeiert.
An eisem Haushalt sin ech, main Mann an eis zwee Muppen, sos hun mer weider keng Déieren.
Wann dier nach Froen hudd , kennt der mech gär uschreiwwen.
Villmols merci am vieraus
Patty